Diana Calvario, neie Member vum Gemengerot fir de Grupp « Är Leit »

An der Sëtzung vum Schäfferot vum Méindeg, den 12ten September 2022 ass d’Diana Calvario  vun eiser Buergermeeschtesch Marguy Kirsch-Hirtt als nei Conseillère vereedegt ginn. D’Diana hëllt d’Relève vum Jos Roller, deen no méi wéi  46 Joer säi kommunalpolitescht Amt den 31.08.2022 néiergeluecht huet.

De Jos war säit dem 1. Januar 1976 am Gemengerot an huet während 34 Joer a 4 Méint seng Gemeng als Buergermeeschter geleed. E grousse Merci fir säi onvergläichlecht Engagement an Dévouement fir d’Gemeng Luerenzweiler an eis Ekipp.