MERCI Jos!

Merci fir deng 46 Joer Asaz, Zäit a Passioun, dovu 34 Joer als Buergermeeschter, déi’s du an eis Gemeng investéiert hues. Luerenzweiler a seng Uertschafte wieren net dat, ouni däi kompetent an onermiddlecht Engagement. Du hues eng Equipe opgebaut, déi staark an d’Zukunft ka goen, mam Marguy, Paul, Arno, Frazer, Billy an Diana.

« Är Leit » wëssen dass du nach ëmmer fir eis do bass. Merci fir deng weider Ënnerstëtzung a Berodung vun der Equipe. Mir zielen och an Zukunft op däi Wëssen an deng Erfarung.