Léif Matbiergerinnen, Léif Matbierger,

Viru kuerzem hu mir Iech eis Ekipp fir déi nächst Wale virgestallt.

Oft gëtt eis gesot, datt et sech gutt liewe léisst an eiser Gemeng. Dat motivéiert eis och an Zukunft, no beschte Wëssen a Kënnen, fir eis Biergerinnen a Bierger ze schaffen.

Deemnächst wäerte mir Iech eise Programm fir dat nächst Mandat präsentéieren.

Dir wësst datt di leschte Joere fir eis alleguer keng einfach Zäit war. D’Pandemie an de Krich an der Ukrain hunn eis Gesellschaft opgerëselt a stellen eis weiderhi viru grouss Erausfuerderungen.

« Är Leit » wäerten sech och an Zukunft, konsequent a nohalteg fir Warung an d’Verbesserung vun der Liewensqualitéit an onser Gemeng asetzen an di sozial, infrastrukturell, bildungspolitesch, kulturell an ëmweltpolitesch Errungenschaften weiderféieren.

Mat dëser Broschür wëlle mir Iech, léif Matbiergerinnen a Matbierger, di rezent grouss Projete weisen déi mir realiséiert hunn respektiv an der Ausféierung sinn. Mir beschränken eis dobäi op d’Projete vun de leschten 3 Joer.

Realiséiert Projeten (2020-2022)

  • Fäerdegstellung vum neie PAG
  • Neigestaltung vun der Cité Roger Schmitz (1)
  • Neigestaltung vun der Prettener Strooss (2)
  • Erweiderung an Ëmbau vum Club Uelzechtdall (3)
  • Nei Hal fir de Service technique (4)
  • Erweiderung vum Fuerpark fir de Service technique (5)
  • Neigestaltung vun de Sportsfelder mat Bau vun engem syntheetesche Futtball-Terrain mat Ëmstellung op LED- Beliichtung (6)
  • Dôme fir den Tennis (Iwwerdaachung vun 2 Spillfelder) (7)
  • Kaf vun engem Terrain fir den Ausbau vun de Sports- a Fräizäitinfrastrukturen an der Rue de Hunsdorf
  • Neie Parking bei der Schoul am Kader vum Ausbau vum Campus Jos Wohlfart (8)
  • Reamenagement ronderëm d’Schoul (Nei Clôture beim Beach / Petanque / Schoulsportsfeld / Parking) (9)
  • Nei Sëtzer fir d’Sportshal an Upassung un déi nei Sécherheetsvirschrëften (10)
  • Ökologesche Parking an der Rue de l’Alzette zu Hielem (11)
  • Insektenfrëndlech LED- Beliichtung vum Fousswee Luerenzweiler – Hënsdref (12)
  • Neie Fousswee zu Blaaschent fir bei d‘„Haisercher“ (13)
  • Reamenagement vu Feldweeër (zB a Baachlach zu Hënsdref)
  • Neien Dag fir eist neolithescht Haus zu Blaaschent (14)
  • Konsequent Awierken op CFL a P&Ch fir d’Eliminatioun vun der Luerenzweiler Barrière (PN20b) mat Reamenagement vun der Gare (Ëmbau vun de Quaien, neie Souterrain mat Lift) (15)
  • Gemeinschaftsgaart mat ëffentlecher Toilette zu Hënsdref (16)
  • Uleeë vun engem ökologesche Park zu Hënsdref (17)

… des weideren

  • Solidaritéit an der Pandemie
  • Ënnerstëtzung vun der Ukrain
  • Klima- an Ëmweltprojeten (Energiespuermoossnamen, lokale Maart, Fairtrade-Brunch, Dag vum Bam, Heckeplanzaktioun…)
  • Kulturell Projeten (Symposium de la sculpture, störende Wahrheiten, Concert’en, …) (19)
  • Nuit du Sport
  • Schoulprojeten (Zirkus Zappzarap, Schoulgaart, ….) (20)

Projeten an der Ausféierung (2022-2023)

  • Ausbau vum Campus Jos Wohlfart mat Vergréisserung vu Crèche, Maison Relais mat Schoulrestaurant a weidere Schoulsäll (21)
  • Aus- an Ëmbau vun der Boufer Schoul zur „Maison de la Musique et de la Jeunesse“ (22)
  • Ëmgestaltung vun der Rue JP Glaesener zum „Shared Space“ bei der Schoul
  • Neifaassung vun der Quelle „Wäissbaach“
  • „Starkregenuntersuchung im Einzugsgebiet der Gemeinde Lorentzweiler“ zur Analys a Virbeugung vun Iwwerschwemmunge mat Moossnamekatalog)
  • Flächendeckend Ëmstellung vun eiser Stroossebeliichtung op LED
  • Interkommunal Handelszone ZAMID um Mierscherbierg (zesumme mat Miersch a Lëntgen)

Merci Jos Roller

No 47 Joer Asaz huet de Jos Roller säi kommunalpolitescht Amt den 31. August néiergeluecht. Als Buergermeeschter huet hien d’Gemeng wärend méi wéi 34 Joer mat Kompetenz a Wäitsiicht geleet.

Och fir „seng“ Ekipp war an ass de Jos nach ëmmer e Virbild an hie steet eis weiderhin zur Säit. Dofir soe mir dem Jos e grousse Merci a wënschen him all Guddes fir seng wuelverdéngte Pensioun. 

„Är Leit“ am Gemengerot

Vlnr: Frazer Alexander, Arno Mersch (Schäffen), Diana Calvario, Billy Kremer,
Marguy Kirsch-Hirtt (Buergermeeschter), Paul Bach (Schäffen)

Gemengewalen 2023

Fir déi nächst Walen, den 11. Juni 2023, gëtt eis Ekipp mat jonken, motivéierten a kompetente Kandidatinnen a Kandidate verstäerkt.

Vlnr: Frazer ALEXANDER, Sven LINCKELS, Paul BACH, Jasmine WALISCH, Marguy KIRSCH-HIRTT, Billy KREMER, Diana CALVARIO, Fabienne WAGNER, Paule KREMER, Bob FRISCH, Arno MERSCH

Är Leit wënschen …

Schéi Feierdeeg an e Glécklecht Neit Joer
Schöne Feiertage und Frohes Neues Jahr
Joyeuses Fêtes et Bonne Année
Merry Christmas and a Happy New Year
Boas Festas e Feliz Ano Novo
Веселих свят i щасливого Нового року!

Bestëmmt mat a schreift Iech op d’Wielerlëschten an
www.echkawielen.lu
www.jepeuxvoter.lu