Gemengewalen 2023

Är Leit 2023

Léif Matbiergerinnen!
Léif Matbierger!

Den 11te Juni 2023 sinn nees Gemengewalen.

Säit 2011 gëllt an onser Gemeng d’Proporzwalrecht, wou net eenzel Kandidaten sech presentéieren, mee Kandidatelëschten.

„ÄR LEIT“ ass eng oppen, net parteigebonne Kandidatelëscht, déi sech virun allem op d’Kommunalpolitik fokusséiert.

Eis Lëscht besteet aus Fraen a Männer, déi säit laangem aktiv an der Gemeng engagéiert sinn. Mat hirer grousser Erfarung hu si als Majoritéit am Schäffen- a Gemengerot eis Gemeng zu deem gemaach wat se haut ass.

Mat grousser Satisfaktioun kënne mer eist Team mat jonken an dynamesche Kandidatinnen a Kandidate verstäerken.

Mir engagéieren eis weiderhin konsequent an nohalteg fir d‘Erhalen an den Ausbau vun allen sozialen, infrastrukturellen, bildungspoliteschen, kulturellen an ëmweltpoliteschen Acquisitiounen.

Natierlech si mir op fir är Virschléi an Iddien. Kontaktéiert eis an hëlleft esou d’Zukunft vun eiser Gemeng ze gestalten.

ÄR LEIT

Deutsch
English
Português